Scheppe Siwen – De verluerene Summer

Scheppe Siwen – De verluerene Summer


Dat war dee verluerene Summer déi Zäit déi net méi rëm kënnt D’Erënnerung danzt duerch meng Kummer vun dem Bild dat lues a lues verschwënnt. Dat war dee verluerene Summer dee wei de Sand an der Auer zerrënnt Onst Liewe gefeiert dat hunn mer an där Zäit déi eis all verbënnt. Den éischte Bléck vun dir huet sech bei mir agebrannt wéi Käerzen an der Nuecht op engem wäisse Strand. Mir leien an de Fiederen a genéissen ons Rou Mir brauche keng Wieder mir verstinn ons och sou. Den Doft vun denger Haut dee mech zum Kache bréngt mäin Häerz dat an der Broscht an 1000 Stecker zerspréngt. Eng onendlech Distanz déi virun ons läit well genau sou wéi de Summer vergeet och ons Zäit. Dat war dee verluerene Summer déi Zäit déi net méi rëm kënnt. D’Erënnerung danzt duerch meng Kummer vun dem Bild dat lues a lues verschwënnt. Dat war dee verluerene Summer dee wei de Sand an der Auer zerrënnt Onst Liewe gefeiert dat hunn mer, an där Zäit déi eis all verbënnt. De Rhythmus vun der Musek ons zum Danze bréngt de Mound deen hell am Himmel d’hëlzen Danzfläch beschéngt. Stonnelaang Gespréicher bei kubaneschem Rhum vun engem Kontinent an deen nächste geflunn. Fësche mat Kollegen, zu Remerschen um Séi, Fir e gudde Summer jo do brauchs du net méi. D’Biller sinn nach do, als wier et guer net laang hier! Mä ween ass dann am Spigel do deen Aale viru mir? Dat war dee verluerene Summer, déi Zäit déi net méi rëm kënnt. D’Erënnerung danzt duerch meng Kummer, vun dem Bild dat lues a lues verschwënnt. Dat war dee verluerene Summer dee wei de Sand an der Auer zerrënnt. Onst Liewe gefeiert dat hunn mer an där Zäit déi eis all verbënnt.

1 thought on “Scheppe Siwen – De verluerene Summer

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *